
Dës Websäiten notze Politiker oder Persounen aus dem ëffentleche Liewen, déi meeschtens mat kënschtlecher Intelligenz erstallt goufen, respektiv deene mat der KI Wierder an de Mond geluecht kruten, déi si net gesot hunn, fir domadder op ganz gutt Offeren opmierksam ze maachen. Ganz dacks gëtt awer och de Look vun enger bekannter a seriéiser Internetsäit kopéiert, fir esou Falschinformatiounen an d’Welt ze setzen.
Schonn de Weekend hat de Staatsministère matgedeelt, datt e falsche Video vum Premier Luc Frieden géing zirkuléieren. D’Affär gouf beim Parquet gemellt an d’Enquête leeft.
D’Police réit de Leit, verschidde Richtlinnen anzehalen, fir de Risiko op en Internetbedruch eranzefalen, ze limitéieren.
Dozou zielt, datt een net op Reklammen erafale soll, déi ze schéi kléngen, fir wouer ze sinn. Och soll een Offeren, déi een net ugefrot huet, net unhuelen, respektiv och net déi vu Persounen, déi een net kennt. Weider soll een Inhalter, déi engem verdächteg virkommen, ignoréieren a se der Internetplattform, op där een se ugewise krut, mellen. E weideren Indice, datt et sech ëm Fakesäiten handelt, kann d’Rechtschreiwung um Site sinn. Ganz dacks kléngt d’Sprooch hei ganz komesch oder et gi ganz vill grammatikalesch Feeler.
Dann ass et nach den Tipp vun der Police, datt een all Virgang oder Kontakt soll ofbriechen, wann een Zweiwel un der Echtheet huet.
Weider heescht et vun der Police, datt all Persoun, déi Affer vun Internetbedruch gouf, sech bei all Kommissariat ka riichten an eng Plainte ka maachen.
Eng Enquête leeft: Staatsministère warnt viru falschem Video vum Premier Luc Frieden