
Duerno hätt eng Persoun ugeruff, déi sech als Mataarbechter vu LuxTrust ausginn hätt. Bei der SMS géing et sech ëm e Fake handelen an d’Affer misst elo iwwer Telefon seng Login-Date matdeelen, fir net Affer vun engem Trick ze ginn.
Duerno kéim da souguer eng Persoun d’Kaart sichen a géif dann duerno Sue mat der geklauter Kaart ophiewen. D’Police deelt mat, et soll een déi Messagë mam Numm “CCSS / CNS” ignoréieren.
Persounen, déi awer Affer goufen, solle bei der Police Plainte maachen. Informatiounen doriwwer, wéi ee sech géint esou kriminell Arnaquë protegéiere kann, fënnt een um Site vun der Police.