
Wéi d’Police schreift, wier den Auto mat am Ganze véier Passagéier nom Sträit wuel a Richtung Uewerstad gefuer, éier en op der Héicht vum Boulevard Général S. Patton gestoppt gouf.
Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt d’Fra net geschloe gi war, mä just eng Ausernanersetzung mat engem vun de Männer hat. Beim Gespréich ass de Beamten awer opgefall, datt d’Fra wuel ze vill gedronk hat. En Alkoholtest huet dat confirméiert, wouropshin d’Automobilistin de Permis huet missen ofginn an e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt gouf.
Doriwwer eraus war et awer och net déi éischt Kéier, datt d’Fra wéinst Alkohol opgefall war. De Parquet huet dowéinst och nach ordonéiert, den Auto ze saiséieren.