
D’ADEM hat fir e Freideg de Moien op eng Pressekonferenz invitéiert. De Sujet war d’Reorganisatioun vun den ADEM-Agencë mat der Nouvelle, dass d’Agence zu Diddeleng vum 30. November u wäert zougoen an och hir Dieren net méi wäert opmaachen. Eng Annonce mat där een zu Diddeleng natierlech alles anescht wéi zefridden ass.
Ronn 1.500 Demandeurs d’emploi sinn dovun concernéiert. Zanter 2021 hätt een no enger adequater Léisung gesicht, mä keng fonnt, erkläert den Aarbechtsminister George Mischo.
“Verschidde Gebaier waren am Gespréich. Dat aalt Gebai vun der Post, wat awer leider de Sécherheetsstandarden net entsprach huet, fir eng Agence vun der ADEM opzehuelen. Et ass och vun engem Supermarché, deen erausgeplënnert ass, geschwat ginn. Dat ass och leider keng Léisung gewiescht. An dunn hu mer awer elo missten ‘wohl oder übel’, wéi een so schéi seet, soen dass dat net méi geet. An dunn hunn ech als Minister d’Decisioun elo geholl, fir ze soen, dass mer Diddeleng zou maachen. An mir verdeelen déi Demandeurs d’emploi op Esch Belval an Hamm”.
Den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana ass natierlech guer net frou, dass elo esou een wichtege Service aus der Gemeng verschwënnt. Besonnesch, well een ëmmer nees géing dovun schwätzen, wéi wichteg et wier, ze dezentraliséieren. Dobäi missten elo e groussen Deel vun den 1.500 Demandeurs d’emploi bei d’ADEM op Hamm fueren. Et wier kee gudden Dag fir Diddeleng, ma och kee gudden Dag fir d’Bierger aus de Gemengen Réiser, Beetebuerg an Fréiseng, déi och op dës Agence komm sinn.
“Ech stellen also fest, dass virun 13 Joer ee sozialisteschen Aarbechtsminister, den Nicolas Schmit, eng regional Antenne opgemaach huet. An ech stelle fest, dass 13 Joer méi spéit, ee Chrëschtlech-Sozialen, een CSV-Aarbechtsminister eng regional Antenne zoumécht.”
Op Nofro, ob den Dan Biancalana dëst fir e politesch motivéierte Choix hält, äntwert de Gemengepapp: “Also wann een dat do esou liest, kommen ech zu där do Conclusioun, well hei, mengen ech, awer jo ganz kloer Méiglechkeete bestanen hunn. Mir erzitt sech d’Erkenntnis, firwat et net gaangen ass.”
Et war och d’Propos vun Diddelenger Säit, fir déi d’ADEM-Agence an de Projet “Nei Schmelz” z’integréieren. Dat wier och ugeduecht ginn, hutt et vun der ADEM geheescht, mä kuerz- a mëttelfristeg géif d’Agence zu Diddeleng zoubleiwen. De Projet “Nei Schmelz” misst an 10 Joer komplett fäerdeg sinn.
Kritik u schlechter Kommunikatioun vum Aarbechtsminister
E weider Punkt, un deem sech den Diddelenger Buergermeeschter stéiert, ass d’Kommunikatioun säitens dem CSV-Aarbechtsminister. D’Invitatioun fir d’Pressekonferenz vun der ADEM koum en Donneschdeg de Moien um 11.30 Auer. Den Dan Biancalana hätt awer eréischt um 18.30 Auer vum Georges Mischo matgedeelt kritt, dass d’Agence zu Diddeleng wäert zoumaachen. Donieft haten d’Gemengen Diddeleng, Réiser a Fréiseng am Abrëll an am Mee Courrieren un den Aarbechtsminister geschéckt, wou se sech staark gemaach hunn, fir dass d’Agence zu Diddeleng erhale bleift. Dorop wier ni eng Äntwert komm. Dat wier cocasse, sou den Dan Biancalana.
Weider Annoncen vun der ADEM
D’ADEM huet dräi grouss Agencen: d’Stad Lëtzebuerg, Esch an Dikrech an dräi regional Agencen Déifferdeng, Wolz a Waasserbëlleg. Den Aarbechtsminister huet nach matgedeelt, dass bis Enn 2026 all d’Mataarbechter aus der Agence vun Dikrech an dat aalt Altersheem wäerte plënneren. Dat fir dass d’Agence zu Dikrech kann ofgerappt an nei gebaut ginn. Donieft soll d’Agence zu Déifferdeng Ufank 2025 an en neit Gebai plënneren, sou den Georges Mischo.