Maniffe fir Fridden a Palestina an UkrainPolitik dierft net nokucken, wann Onschëlleger Affer ginn

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg waren zwou Manifestatiounen an der Stad. Op der enger Säit gëtt Fridden an der Ukrain gefuerdert, op där anerer a Palestina.
© RTL

D’Asbl LUkraine hat e Samschdeg opgeruff, sech op der Place Clairefontaine ze versammelen. Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain am Februar 2022 organiséiert d’Asbl ëmmer erëm Protester an der Stad, bei deene si en Enn vum Krich fuerderen.

Mat palestinensesche Fändele waren Demonstrante vum Glacis erfort a Richtung Chamber gaangen, déi Sanktioune fir Israel an eng Wafferou an der Gazasträif gefuerdert hunn. Ënnerwee hu si ënnert anerem geruff, “Free, free Palestine”.

Op béide Plaze gouf d’Politik opgefuerdert, net nozekucken, wann Onschëlleger Affer ginn.

Back to Top
CIM LOGO