
Wéi de CGDIS e Freideg den Owend matdeelt, gouf ee vun hire Secouristen e Freideg géint 11.30 Auer am Kader vun enger Formatioun vun der Motorradsstaffel vum CGDIS schwéier blesséiert.
De Pompjee huet d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass mat engem Auto kollidéiert, deen him entgéintkoum. Wärend den Autoschauffer mat liichte Blessuren dervu koum, gouf de Motocyclist schwéier blesséiert a gouf nach op der Plaz vu senge Kolleege vum CGDIS behandelt. Duerno ass de Secourist an d’Spidol ageliwwert ginn.
E Samu vun Ettelbréck, eng Ambulanz vu Wolz an e Rettungshelikopter waren am Asaz. “De CGDIS wënscht dem concernéierte Pompjee an dem implizéierte Chauffeur eng gutt Geneesung”, heescht et an engem Communiqué vum CGDIS.
De CGDIS mellt dann nach dräi aner Accidenter mat Blesséierten. Géint 14.15 Auer ass an der Rue des Alteliers zu Péiteng een Auto an eng Mauer gerannt. Heibäi gouf eng Persoun blesséiert. Op der Route d’Echternach goufe géint 16.30 Auer direkt zwou Persoune blesséiert, wou zwee Autoen op der Héicht vu Gonnereng net laanschtenee koumen.
Um CR103 vun Ollem a Richtung Kielen gouf géint 16.30 Auer eng weider Persoun blesséiert, wou en Auto an ee Bam gerannt ass.