
D’Pompjeeën haten d’Situatioun séier am Grëff, waren awer nach op der Plaz bliwwen, fir mat der Wärmebildkamera sécher ze goen, dass et net nach aner Brandnäschter ginn.
D’Avenue Salentiny war a Richtung Ettelbréck wärend dem Pompjeesasaz gespaart. D’Deviatioun goung iwwert d’Rue de Warken.
Am Asaz waren d’Pompjeeën Nordstad, Lëntgen, Colmer-Schieren a Buerschent.
En Accident gouf et géint 14.15 Auer um CR322 an der Veianerstrooss um Niklosbierg. RTL-Informatiounen no hat hei en Automobilist e Malaise gemaach an hat doropshin en Accident. Den Auto ass op der Kopp gelant. De Rettungshelikopter huet mussen an den Asaz, grad ewéi eng Ambulanz (Nordstad) an d’Pompjeeë vu Veianen. D’Strooss war fir eng gewëssen Zäit komplett gespaart.