
Op Nofro hin heescht et bei der betraffener Garage, dass eng Batterie Feier gefaangen hätt. D'Gebailechkeete vun der Garage waren net betraff.
Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Biissen, Colmer-Bierg an aus der Nordstad. Och D'Ambulanz aus der Fiels gouf op d'Plaz geruff, blesséiert gouf awer keen.