Ëmdenken, fir ze spuerenPräis fir fossil Energien explodéiert

Jeannot Ries
Greenpeace Däitschland huet e Mëttwoch 10 Piste virgeschloen, wéi ee manner ofhängeg vu Pëtrol a Gas aus Russland kéint ginn.
Ëmdenken fir ze spueren
Greenpeace Däitschland huet e Mëttwoch 10 Piste virgeschloen, wéi ee manner ofhängeg vu Pëtrol a Gas aus Russland kéint ginn.

Moossnamen, déi op d’mannst zum Deel en direkten Impakt op de Portmonni vun de Bierger kënnen hunn. D’Palette ass breet, mat zum Beispill, wat d’Mobilitéit ubelaangt, engem erofsetzen vun der Vitesse op de Stroossen: 30 km/h an den Uertschaften, 80 op der Landstrooss, 100 op der Autobunn.

De Rechnunge vun der Ëmweltorganisatioun no kéint eleng en temporäert erofsetze vun der Vitesse op den Autobunnen, respektiv Landstroossen, den däitschen Import u Pëtrol ëm 2,5% d’Joer reduzéieren. Greenpeace proposéiert och, op kuerzen Distanzen de Vëlo ze huelen. Grad wéi weideren Homeoffice oder ënner anerem Autofräi Sonndeger, wéi an de 70er Joren.

Propositiounen, déi hei zu Lëtzebuerg am Mobilitéitsministere mat gemëschte Gefiller opgeholl ginn.

“D’Vitesse erof setzen op den Autobunnen, dat hëlleft d’Fluiditéit vum Trafic och ze hiewen. Dat sinn jo och Saachen, déi mir entretemps zu Lëtzebuerg maachen. Méi Vëlo fueren, mécht och Sënn. Well de Vëlo op ville Strecken, haaptsächlech kuerzen Distanze vill méi effikass ass. Et gëtt e ganze Koup Saachen, déi ech ganz an der Rei fannen. Et gëtt awer och Saachen derbäi, do soen ech ganz éierlech, dovu sinn ech net ganz iwwerzeegt. Well ech einfach keen iwwerzeegten Unhänger vun sou Symbolpolitik sinn. Beispill den Autofräie Sonndeg”, sou d’Reaktioun vum Mobilitéitsminister François Bausch.

Ganz intressant: Wien doheem Brennes spuere wëll, deem gëtt proposéiert, d’Temperatur an der Wunneng ëm ee Grad erofzesetzen. Dat eleng géif de Verbrauch u Mazout ëm 6% reduzéieren, sou Greenpeace Däitschland. Net näischt. Op engem Ament, wou hei zu Lëtzebuerg en 1.000-Liter-Tank, ronn 1.550 Euro kascht. D’ONG proposéiert och méi séier, méi massiv op Wäermepompel ze wiesselen.

Do si mer bei der EU-Kommissioun hirem Green Deal. Dem Switch vu fossillen Energien op Erneierbarer.

“Et ass ganz, ganz kloer, datt mer an Europa an den Investissiounsschwéierpunkten, déi mer generell setzen, endlech musse verstoen, datt net nëmmen aus klimatologesche Grënn, ma och aus soziale Grënn, och aus Grënn vu Fridden, dofir maachen ech mer och vill méi als Defenseminister, ëmmer ze soen, datt et en enke Lien gëtt tëscht Klimawandel a Sécherheetspolitik. Datt mer aus där Ofhängegkeet vun deene fossillen Energieträger erauskommen, well virun allem déi fossil Energie ganz vill aus Länner kommen, déi net onbedéngt ervirstiechen als grouss Demokratien”, sou de Minister Bausch.

De Krich an der Ukrain a seng direkt Konsequenzen op eisen Alldag. Méi wéi jee gi mer eis bewosst, wéi wäit den europäesche Kontinent vu verschiddene Staaten ofhängeg ass. Wat d’Energieversuergung ubelaangt. Awer bei wäitem net eleng déi.

Enovos behält Situatioun am A: 25 Prozent russesche Gas zu Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO