
Do treffe sech op Invitatioun vum franséische President Emmanuel Macron, wéi et an der Press heescht, “wichteg” europäesch Staats- a Regierungscheffen, fir iwwer d’Sécherheet vum Kontinent ze beroden a sech fir méiglech Ukrain-Negociatiounen ze positionéieren. Virun allem am Kontext vum annoncéierte Gespréich tëscht dem US-President Donald Trump a sengem russeschen Homolog Wladimir Putin iwwer de Krich an der Ukrain.
Paräis hat déi Reunioun e Sonndeg op France Inter confirméiert. Wie genee kënnt, ass net kloer. D’Noriichtenagence Reuters schwätzt vun Diplomaten aus Frankräich, Groussbritannien, Däitschland, Polen, Italien, Spuenien an Dänemark.
Bei enger Table-Ronde iwwer d’europäesch Wirtschaft e Sonndeg de Moien op der Münchener Sécherheetskonferenz huet de Premierminister Luc Frieden betount, hie géif zwar verstoen, dass eenzel Länner sech treffen, fir iwwer militäresch Themen ze beroden, ma hie géif et besser fannen, déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffe géife sech all zesumme beroden. Et wär elo an dësen Zäite besonnesch wichteg, dass Europa gëeent optrëtt, esou de Lëtzebuerger zu München.