Hansen oder Schmit?Premier wëll sech bei der Nominatioun vum Kommissärsposten nach net festleeën

RTL Lëtzebuerg
De Luc Frieden léisst sech all Dieren op, wat d‘Nominatioun vum Lëtzebuerger Kommissärsposten ugeet.
© JOHN THYS/AFP

Bei senger Arrivée um EU-Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen, huet de Lëtzebuerger Premier erkläert, et géife vill Gespréicher ginn an hie géif “le moment venu” decidéieren, wien hien als Lëtzebuerger Kommissär wéilt proposéieren.

Déi Lëtzebuerger Regierungskoalitioun war sech u sech eens ginn, de Christophe Hansen fir dee Posten ze nominéieren. Op europäeschem Niveau ass de Spëtzekandidat fir déi europäesch Sozialisten Nicolas Schmit awer och nach ëmmer am Gespréich fir e wichtege Posten an der Kommissioun.

Gläichzäiteg huet de Luc Frieden betount, dass bei dësem Sommet just d‘Nominatioune fir déi 3 sougenannt Top-Jobs diskutéiert ginn. D‘Konstellatioun vun der neier EU-Kommissioun kéim eréischt duerno.

Aktuell si jo d‘Ursula von der Leyen als nei-al Kommissiounspresidentin, de Portugis Antonio Costa als EU-Rotspresident an d‘Estin Kaja Kallas als Aussebeoptragten am Gespréich.

Back to Top
CIM LOGO