Stad LëtzebuergPreparative fir d'Europawalen, nei Vëlosinfrastruktur a Public Viewing fir d'EM

Maxime Gillen
D'Stad Lëtzebuerg investéiert weider an hir Vëlosinfrastruktur, andeems se zousätzlech Méiglechkeete schaaft, fir de Vëlo sécher kënnen ofzestellen.

Donieft plangt d’Gemeng eng ganz Rei Evenementer am Fréijoer an am Summer an et gëtt sech op d’Europawale preparéiert.

City Breakfast / Reportage: Maxime Gillen

Op 36 Plazen uechter d’Stad wäerten an den nächste Woche Stänneren opgeriicht ginn, un déi ee säi Vëlo kann ustrécken. Domat solle knapp 250 zousätzlech Vëlosparkplaze geschaaft ginn, esou dass uechter d’Stad alles an allem knapp 1.700 Vëloe solle kënne sécher geparkt ginn. “Mir mierken, dass ëmmer méi Leit wëlle mam Vëlo an d’Stad kommen”, esou de Stater Schäffe Maurice Bauer. Mam Ausbau vun de Vëlosweeër uechter d’Stad iwwert déi lescht Jore misst een elo natierlech och dofir suergen, dass d’Leit hire Vëlo sécher kéinten ofstellen.

Op enger interaktiver Kaart um Site vun der Stad Lëtzebuerg, kann ee genee kucken, wou ee säi Vëlo ka parken.

Ëmmer méi Leit wiele per Bréif

An der Stad si méi wéi 44.000 Leit op de Wallëschte fir d’Europawalen ageschriwwen. Nëmme knapp 9.000 dovu si Stater Awunner mat engem aneren europäesche Pass. D’Optioun, per Bréif ze wielen, huet weider e grousse Succès an der Stad.

Bei de leschte Wale waren et nach ronn 5.900 Leit, déi net perséinlech an de Walbüro wollte goen. Dës Kéier hu sech eng 9.700 Leit ageschriwwen, fir hire Bulletin heem geschéckt ze kréien. Déi ganz grouss Majoritéit dovun, knapp 8.400, si Residenten an der Stad. Nëmmen 1.250 Walziedel ginn an d’Ausland geschéckt, dorënner antëscht och 44 Bulletinen a Brasilien, erkläert d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

Déi meeschten Net-Lëtzebuerger op de Wallëschte sinn iwwerdeems Fransousen, Portugisen an Italiener. Alles an allem ass och d’Zuel vun den Net-Lëtzebuerger am Verglach zu de Walen 2019 geklommen. Deemools haten nach eng 5.700 ageschriwwe Wieler eng aner europäesch Nationalitéit. Dës Kéier sinn et der bal 9.000.

Weider Evenementer bei der Gëlle Fra geplangt

Nom Oktavmäertche waart e Freideg schonn déi nächsten Attraktioun op der Plaz bei der Gëlle Fra. Op der Place de la Constitution, déi jo ewell kee Parking méi ass, gëtt d’"Fréijoer op der Gëlle Fra” lancéiert. Bis Mëtt Juni steet dann hei erëm de City Skyliner, also deen héijen Tuerm mat der Aussiichtsplattform, déi eng 70 Meter wäit eropfiert. Donieft sollen et och Spiller an eng kleng Bün ginn. “Dobäi gehéieren natierlech och eng Rei Méiglechkeete fir eppes z’iessen an op enger Terrass vum hoffentlech schéine Wieder an där wonnerbarer Vue op d’Stad an d’Péitruss ze profitéieren”, esou d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

Nom “Fréijoer op der Gëlle Fra” ass fir de Summer och eng Zort Plage op där Plaz geplangt.

D’Stad am Futtballféiwer

Am Kader vun der Futtball-Europameeschterschaft dëse Summer, wäert um Glacis erëm e Public Viewing organiséiert ginn. Dofir soll e 50-Meterkaree-groussen Ecran um ieweschten Deel vum Glacis opgestallt ginn. Gewise ginn d’Matcher vun den Aachtelsfinallen, also dem 29. Juni un.

Back to Top
CIM LOGO