CGJLPresident vun der Jugendkonferenz demissionéiert a kandidéiert bei de Piraten

RTL Lëtzebuerg
De President vun der Jugendkonferenz Mathis Godefroid ass no 6 Joer op sengem Posten zeréckgetrueden.
© RTL-Archiv

Am Exekutivcomité vun der CGJL huet de Mathis Godefroid déi Decisioun domadder begrënnt, datt hie Member vun enger politescher Partei ass a bei den nächste Wale kandidéiere wäert. Eisen Informatiounen no kandidéiert de Mathis Godefroid bei de Piraten, bei de Chamberwalen am Bezierk Zentrum a bei de Kommunalwalen an der Gemeng Hesper.

D‘Jugendkonferenz organiséiert elo eng extraordinär Member-Reunioun. Bis dohinner iwwerhëlt de Charles Majerus déi lafend Geschäfter.

Back to Top
CIM LOGO