Opmierksame Bierger hat d'Police informéiertPresuméiert Abriecher op der Héicht vum Waldhaff festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Freidegowend hat eng Persoun op der Schanz d'Police wéinst engem Abroch geruff.

Dës hate sech iwwer d’Terrass Zougang zum Haus verschaaft. Den Ament, wéi d’Police alarméiert gouf, waren allerdéngs scho keng Abriecher méi am Haus.

Kuerz drop huet sech dunn eng Persoun, déi deen Ament op der Schanz ënnerwee war, bei der Police gemellt. Si hätt Persoune gesinn, déi an engem private Facebook-Post bei engem Abroch am Oste vum Land als méiglech Täter identifizéiert gi wieren. D’Police huet doropshin eng Enquête lancéiert.

D’Beamte konnte schliisslech op der Héicht vum Waldhaff e Gefier stoppen, an deem Leit souzen, op déi d’Beschreiwung vun den Täter gepasst huet. Et huet sech erausgestallt, dass et sech bei hinnen ëm déi presuméiert Abriecher vun der Schanz gehandelt huet. Si goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO