
D’Patrull konnt zwou verdächteg Persounen op der Plaz untreffen. Bei enger goufen tatsächlech och geklaute Géigestänn fonnt. Spéider goufen dann och nach Drogen-Utensilien am Auto vun de Verdächtege fonnt. Dës hunn uginn, kuerz virdru Kokain consomméiert ze hunn.
Den Drogentest war dunn och effektiv positiv, de Permis gouf agezunn. De Parquet huet ordonéiert, déi 2 Verdächteg festhuelen ze loossen.