Persoun iwwerfall a blesséiertPresuméierte Brigang konnt festgeholl ginn

RTL Lëtzebuerg
Enger Policepatrull ass an der Nuecht op e Méindeg eng blesséiert Persoun op der Place de la Gare opgefall.

De Mann huet uginn, dass hie kuerz no Hallefnuecht iwwerfall gi war. Den Täter huet ënner Asaz vu Gewalt Boergeld vum Affer geklaut. De presuméierte Brigang konnt kuerz drop ermëttelt a festgeholl ginn. En hat um Méindeg de Moie scho Rendez-vous virum Untersuchungsriichter. D’Affer koum fir eng Behandlung an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO