
De Mann gouf awer vun engem Awunner iwwerrascht an huet sech doropshin duerch d’Bascht gemaach. Virdru war e schonn an en anert Gebai agebrach, an hat och Iessen aus engem Auto geklaut, deen net zougespaart war.
De presuméierten Täter konnt ermëttelt ginn an hat um Dënschdeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.