
Rieds war vun enger Dot, déi sech deen Ament an engem Geschäft an der Groussgaass géif zoudroen. Op der Plaz hunn d’Beamten de presuméierten Déif dunn och séier erbléckst. Hien hat sech hannert engem Kleederstänner verbarrikadéiert a war grad amgaangen, Kleeder an eng Tut ze leen. Wou en d’Beamten an der Dier stoe gesinn huet, krut en et awer mat der Angscht ze dinn an huet probéiert, sech duerch d’Bascht ze maachen.
Aus der Flucht ass awer näischt ginn. De Mann huet d’Beamten ugegraff, wou si hien opgefuerdert hunn, sech auszeweisen a si hunn hien doropshin immobiliséiert. D’Tut gouf och saiséiert. Si war mat Sëlwerpabeier ausstafféiert - warscheinlech, fir den Alarm net auszeléisen. E Freideg gëtt de Verdächtegen dem Untersuchungsriichter presentéiert.