
An der Nuecht op e Mëttwoch ass eng Persoun an der Rue Ste Zithe an der Stad an een Auto agebrach an huet ee Rucksak aus dem Won matgoe gelooss. D’Police ermëttelt an deem Fall.
Een anere presuméierten Autosdéif an der Stad koum allerdéngs net grad esou wäit. Zeien haten der Police an der Nuecht op e Mëttwoch eng verdächteg Persoun gemellt, déi probéiere géif, op der Héicht vum Knuedler an een Auto anzebriechen. Op der Plaz konnt d’Police dann och tatsächlech de gemellte Mann untreffen - hie souz am Auto.
De Mann huet sech awer geweigert, erauszeklammen an huet sech de Beamte géigeniwwer onkooperativ gewisen, esou datt hien huet missen immobiliséiert ginn, wéi aus dem Policebulletin ervirgeet. D’Beamten hunn hie mat op de Policebüro geholl. Op Uerder vum Parquet gouf ee Protokoll iwwert de Virfall erstallt.
Wann dir wësse wëllt, wéi dir ären Auto am beschte virun Abréch schütze kennt, fannt Dir hei e puer nëtzlech Tuyaue vun der Police.