80 Bulle mat Droge saiséiertPresuméierten Dealer am Garer Quartier festgeholl

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg war der Police e Mann wéinst sengem Verhalen an der Avenue de la Liberté an der Stad opgefall.

Dat, well dësen, wéi en d’Beamte gesinn huet, plëtzlech an eng aner Richtung getrëppelt ass. D’Beamten hunn de Mann doropshi kontrolléiert.

Dobäi goufen 80 Bulle mat Kokain an Heroin fonnt. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO