Police deelt matPresuméierten Dealer hat Drogebulle wuel mat "décker Schlupp Béier" geschléckt

RTL Lëtzebuerg
An der Stroossbuerger Strooss am Garer Quartier an der Stad hat sech e Méindeg den Owend a Mann verdächteg beholl.

Wéi de presuméierten Drogendealer d’Police erbléckst hat, huet hie séier d’Richtung geännert, ass an e Supermarché gaangen, fir do eng Fläsch Béier ze kafen. Wéi d’Beamten de Mann bei der Sortie wollte kontrolléieren, huet hien eng “déck Schlupp Béier” gedronk, esou d’Police an hirem Bulletin.

Wéinst Verdacht op Droge gouf hien an de Scanner bruecht an do huet sech erausgestallt, datt hien effektiv Friemkierper ofgeschléckt hat.

De Mann gouf festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO