
Kuerz drop ass et de Beamte gelongen, de Keefer ze stellen. Bei him gouf eng Bull Kokain séchergestallt.
De presuméierten Dealer gouf nëmme wéineg méi spéit ausgemaach. Wéi d’Beamten hien opgefuerdert hunn, de Mond opzemaachen, huet hien eppes ofgeschléckt. De Mann gouf doropshi fir déi weider Kontroll mat op de Policebüro geholl. Hei gouf nieft enger gerénger Zomm Suen och nach Pefferspray séchergestallt.
De Mann gouf dann och op Uerder vum Parquet am Spidol ënnersicht. Dobäi goufe 35 Friemkierper fonnt.