PolicePresuméierten Déif an der Stad festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg am fréie Moie gouf eng Persoun gemellt, déi an der Stad an der Rue Notre-Dame probéiert huet, an Autoen anzebriechen.

D’Police huet kuerz dono eng verdächteg Persoun entdeckt. Wéi se dës iwwerpréiwe wollten, hu si erausfonnt, datt de Mann wuel an engem Hotel e Laptop, e Portmonni an e Parfum geklaut soll hunn. Donieft huet hien an engem Hotel an an engem Restaurant seng Rechnung net bezuelt.

De presuméierten Täter gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum nach en Dënschdeg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO