
D’Police konnt de Verdächtegen nach op der Plaz stellen. De presuméierten Déif gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a gouf dem Untersuchungsriichter virgefouert.
Um spéiden Dënschdeg de Mëtteg huet d’Police dann och nach ee presuméierten Drogendealer gepëtzt a festgeholl. D’Beamte waren op zwee Männer an der Rue de la Fonderie opmierksam ginn, déi sech kuerz an d’Entrée vun engem Haus gestallt hunn, ier sech hir Weeër an der Rue de Hollerich dunn nees getrennt hunn.
D’Polizisten haten de Verdacht, datt et sech ëm een Drogendeal gehandelt kéint hunn, an esou hunn d’Beamte béid Männer kontrolléiert. De presuméierte Keefer hat eng Kugel Kokain bei sech. Beim presuméierten Dealer goufen dogéint Boergeld an zwee Telefone fonnt. Bei engem Scan, dee vum Parquet veruerdent gi war, goufen eng Rei Friemkierper am Kierper vum Verdächtege fonnt, esou datt hie festgeholl gouf.