Hat sech verschlécktPresuméierten Drogendealer am Garer Quartier gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt, datt kuerz no Mëtternuecht e presuméierten Drogendealer am Garer Quartier konnt festgeholl ginn.
© Laurent Weber / RTL

De Mann soll an der Rue Joseph Junk séier fort getrëppelt sinn, wéi hien d’Police-Patrull gesinn huet. Wéi d’Policebeamte méi no koumen, hätt de Mann eppes erofgeschléckt, dobäi hätt hie sech verschléckt.

Am Bulletin ass ze liesen, dass de Beamten doropshi kloer war, dass et sech ëm en Drogendealer handelt. Dowéinst gouf de Mann mat op de Policebüro geholl.

Hie koum virun den Untersuchungsriichter.

Permis wéinst ze vill Alkohol agezunn

Doriwwer eraus mellt den 113, datt e Mëttwoch géint 18.20 Auer en Automobilist an der Route de Larochette zu Dikrech gestoppt gouf, deen mat ze héijer Vitess an a Schlaangelinne gefuer war. Bei der Kontroll hunn d’Beamte festgestallt, datt de Chauffer wuel ze vill gedronk hat, woufir de Fürerschäin agezu gouf.

Back to Top
CIM LOGO