
Si haten zwee verdächteg Männer an der Rue Joseph Junck am Stater Garer Quartier gesinn. Nodeems och si d’Beamten erbléckst haten, huet ee vun hinnen eppes am Mond verstoppt an huet versicht dat ofzeschlécken.
Well de Verdacht bestoung, dass et sech ëm Rauschmëttel handelt, hunn d’Poliziste versicht, hien dorun ze hënneren. 10 Drogebulle sinn dobäi aus dem Mond vum Mann gefall.
De Parquet gouf informéiert an eng Ënnersichung duerch e Scanner ugefrot. Dobäi konnte weider Friemkierper am Mann sengem Bauch entdeckt. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Drogendealer festgeholl a koum e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter. Dësen huet en Haftbefeel ausgeschwat.
E Méindeg den Owend krut d’Police en Auto op der Areler A6 Héicht Mamer, wéinst senger geféierlecher Fuerweis gemellt. De Chauffer konnt kuerz drop vun enger Patrull lokaliséiert a gestoppt ginn. Et koum eraus, dass géint hie schonn e Fuerverbuet bestanen huet, en Drogentest war dann och positiv. De Mann krut e provisoresche Fuerverbuet an e Protokoll.