Police deelt matPresuméierten Drogendealer an der Stad verhaft

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg huet eng Policepatrull e Mann an der Rue du Fort Bourbon kontrolléiert, dee sech verdächteg beholl hat.

Wéi dësen d’Beamten erbléckst huet, huet en eppes ewechgeheit. D’Beamten hunn de Mann doropshi kontrolléiert an hunn hannert him 6 Bulle mat Droge fonnt.

De Parquet huet ordonéiert, dass de Mann sollt an de Scanner. Hei goufen 20 Objeten a sengem Kierper fonnt. En hat e Méindeg de Moien scho Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO