
Wéi et vun der Police heescht, wier d’Persoun nervös ginn, an hien hätt sech wéilten ewechmaachen, wéi him den Déngschtwon opgefall ass. Well de Verdacht bestanen huet, dass et sech ëm en Drogendealer géing handelen, hunn d’Beamten de Mann kuerz drop gestallt an hien duerchsicht. Bei him goufen dräi Bullen Heroin souwéi en Handy a Boergeld séchergestallt. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Dealer festgeholl.
Weider schreift d’Police nach, dass an de leschte Stonnen Onéierlecher ënnerwee waren, zum Beispill e Méindeg den Owend. Op engem ëffentleche Parking um Kierchbierg ass e Brigang an zwee Autoen agebrach, huet dës duerchwullt an ass geflücht. Ermëttlunge goufe lancéiert.
D’Police erënnert an deem Kader, dass ee sech virun esou Situatiounen präventiv ka schützen.