PolicePresuméierten Drogendealer zu Diddeleng verhaft

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend huet d'Police observéiert, wéi eng Persoun op der Héicht vun der Rue des Champs an der Rue des Saules Droge verkaf huet.

Ëmmer rëm huet de Mann Automobilisten ee Pak Cannabis matginn. Bei der Kontroll haten d’Leit Droge bei sech. Si kruten e Protokoll. Bei der Perquisitioun goufe beim presuméierten Dealer doheem Suen an Drogen fonnt. Hien hat e Freideg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO