Garer VéierelPresuméierten Täter no Abroch- an Déifstallserie festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem en Tablet, Kleeder, eng Spillkonsol an e Vëlo soll den Onéierleche matgoe gelooss hunn.

Den 1. Januar konnt e Mann op der Gare gestallt ginn, dee fir en Abroch an eng Wunneng, e geklaute Vëlo an e weidere Versuch vu Vëlo-Déifstall soll verantwortlech sinn.

Wéi d'Police matdeelt, goufen an der Wunneng Kleeder, e puer Sportschong, en Tablet-Computer an eng Spillkonsol geklaut. Am Laf vun den Ermëttlunge konnten dës Géigestänn an engem Stopp fonnt a saiséiert ginn.

Op Uerder vum Parquet gouf den presuméierten Abriecher festgeholl a koum e Samschdeg virun den Untersuchungsriichter.

Nieft dëse Virfäll wier de Mann och an eng Partie Abréch an Déifstall-Delikter an Eefamilljenhaiser, Wunnengen a Kelleren am Dezember 2020 verwéckelt.

Back to Top
CIM LOGO