Mini-Entreprise "Elegantly Safe"Preventioun géint d'Consommatioun vu K.O.-Drëpsen

RTL Lëtzebuerg
An de leschte 4 Joer goufe 25 Fäll vu K.O.-Drëpsen zu Lëtzebuerg erfaasst. Et geet een allerdéngs dovunner aus, dass d'Donkelziffer vill méi héich ass.
Preventioun géint d'Consommatioun vu K.O.-Drëpsen
An de leschte 4 Joer goufe 25 Fäll vu K.O.-Drëpsen zu Lëtzebuerg erfaasst. Et geet een allerdéngs dovunner aus, dass d’Donkelziffer vill méi héich ass.

Mini-Entreprise “Elegantly Safe” / Reportage: Céline Eischen

D’Luisa Jazzar, d’Alicia Hamadou, d’Eléonore Pereira an d’Félicie Hanon si véier Schülerinnen aus der Ecole de Commerce et de Gestion an hunn d’Mini-Entreprise “Elegantly Safe” gegrënnt.

Et geet ëm e Bracelet, dee vun hinnen entwéckelt gouf. An deem Bracelet ass e klengt Gefaach, fir en Test-Sträifen dranzeleeën. Dësen hu si vun “Check Your Drink” kaf, mat deem verschidden Zorten Alkohol kënnen op Droge getest ginn. Déi sougenannte “Strips” sinn Test-Sträifen, déi hir Faarf änneren, wa si mat de geféierleche Substanzen a Kontakt kommen. D’Zouverlässegkeet vun deene Strips gouf dann och vun engem Laboratoire nogewisen. Do muss een awer wëssen, dass den Test mat verschiddenen Zorte vun Alkohol net funktionéiert. Et wier méi schwéier roude Wäin op Substanzen ze testen, dat wéinst der Pigmentatioun vum Gedrénks. Och Gedrénks op Basis vu Mëllech, ewéi zum Beispill Baileys, kéinten net getest ginn, well déi Resultater ëmmer positiv wieren.

Esou änlech Bracelete gëtt et schonn, ma déi sinn dacks aus Pabeier. De Bracelet vun Elegantly Safe géif garantéieren, dass den Test protegéiert bleift an net fiicht gëtt. Doriwwer eraus kënne bis zu fënnef Tester an all Bracelet geluecht ginn: Well all Test just eng Kéier benotzt ka ginn, hätt een esou d’Méiglechkeet, e puer Tester an engem Owend ze maachen.
Fir hier Iddi ze finanzéieren hunn déi véier Schülerinnen Organisatiounen an Investisseure kontaktéiert. Mee och si gi mat de Schwieregkeeten aus der reeller Entrepreneurs-Welt konfrontéiert, esou d’Alicia Hamadou:

“Le plus gros problème qu’on a pour l’instant c’est de trouver des fournisseurs. Parce qu’ils sont soit incapables de reproduire notre modèle parce que c’est trop complexe, ou tout simplement parce que le coût de production en Europe est trop élevé.”

D’sozial Medien hëllefen hinnen, fir sech z’etabléieren an och mat potentielle Kollaborateuren a Kontakt ze kommen. “Also duerch eis TikTok-Presenz an dem Fakt, dass mir Content posten, hu mir et schonn hikrut, immens vill Leit unzezéien an doduerch och Kollaboratiounen ze maachen a mir hoffen, dass dat och an Zukunft esou weidergeet”, esou d’Eléonore Pereira.

Dëse Bracelet ass fir all Geschlechter geduecht, well net nëmme Frae wiere betraff vun Drogen, déi engem an d’Glas gemaach ginn. Dat hunn déi véier Schülerinne recherchéiert, fir genee ze wëssen, wien hir Clientèle ass. An de leschte véier Joer goufe 25 Fäll vu K.O.-Drëpsen zu Lëtzebuerg erfaasst. Et geet een allerdéngs dovunner aus, dass d’Donkelziffer vill méi héich ass. Dat, well d’Substanze séier net méi am Kierper ze detektéiere sinn.

Back to Top
CIM LOGO