Conseil national de la justiceProcureur Général d'Etat Martine Solovieff als nei Presidentin vereedegt

RTL Lëtzebuerg
Vize-Presidente vum Conseil national de la justice sinn den Alain Thorn an d'Viviane Ecker.
(vu lénks no riets) Alain Thorn, vice-président du Conseil national de la justice ; Sam Tanson, ministre de la Justice ; Martine Solovieff, présidente du Conseil national de la justice ; Viviane Ecker, vice-présidente du Conseil national de la justice

© MJUST

Pénktlech éier e Samschdeg - parallel zur neier Verfassung - den neie Conseil National de la Justice offiziell mat sengen Aarbechten ufänkt, huet d’Justizministesch Sam Tanson e Freideg mat der Procureur Général d’Etat Martine Solovieff déi nei Presidentin vun dësem Gremium vereedegt.

Vize-Presidente sinn den Alain Thorn an d’Viviane Ecker.

Am neien nationale Justizrot si vun den 9 Membere 6 Magistraten, dorënner d’Affekotin Valérie Dupong, déi vum Barreau designéiert gouf, grad wéi d’Viviane Ecker an de Jean-Jacques Rommes, déi vun der Chamber gewielt goufen.

D’Mandater vun de Membere vum Justizrot dauere bis Juni 2025.

Den neie Conseil, dee mat der neier Verfassung geschaf gouf, huet d’Missioun fir Riichter ze nennen, ze sanktionéieren oder och ze promouvéieren. Bis ewell waren dëst Chargë vum Justizministère.

Back to Top
CIM LOGO