Wiessel un der SpëtztProcureur général d'Etat Martine Solovieff geet 1. Februar a Pensioun

RTL Lëtzebuerg
Eng entspriechend Demande gouf via Arrêté grand-ducal guttgeheescht, sou datt e Successeur fir d'Juristin muss gesicht ginn.

D’Martine Solovieff geet domat 9 Méint virum Erreeche vun der Alterslimitt vun 68 Joer an d’Pensioun.
Zanter bal 4 Joerzéngten ass d’Madamm Solovieff an der Magistratur aktiv - am Joer 1999 ass si vum Stater Parquet bei de Parquet Général bei d’Cour Supérieure gewiesselt.

2015 war si an der Successioun vum Roby Biever als Procureur Général d’Etat nominéiert ginn.

Fir d’Ausschreiwe vum fräien héije Posten an der Cité Judiciaire ass lo den neie Conseil National de la Justice responsabel, deen iwwerdeem och vun der Madamm Solovieff geleet gëtt, sou dass och an dësem Conseil muss en neie President designéiert ginn.

De Procureur général d’Etat gëtt duerch 2 Adjointen assistéiert, grad wéi duerch Premiers Avocats Généraux an Avocats Généraux.

Background am Gespréich aus dem Februar 2020

Background am Gespréich: Martine Solovieff
Eng Stonn, fir hannert d’Kulissen ze kucken.

Back to Top
CIM LOGO