“Alle Jahre wieder” gëtt sech d’Fro gestallt, wéi vill de Béier an d’Mettwurscht dann dës Kéier op der Schueberfouer kaschten. Deen een oder anere reegt sech iwwert déi 50 Cent méi nämlech gäre mol op. Mee wéi gesäit et da mat de Käschten aus, déi de Forain ze droen huet?
Am Akaf sinn eng Partie Produiten däitlech méi deier ginn. Do schwätzt een deelweis vu Präisser, déi sech verduebelt hunn. Bei anere Produite sinn et Haussë vun 10 bis 20 Prozent. Besonnesch den Ueleg wier rëm méi deier ginn. Op dësen ze verzichten, ass natierlech net esou einfach, wann ee bedenkt, dass gebakene Fësch, Fritten an Churros einfach zu der Fouer dozou gehéieren.
Dobäi kommen dann d’Personalkäschten, déi och net ze ënnerschätze sinn. Fir d’Forainen ee vun de gréissten, wann net souguer dee gréisste Käschtepunkt. Direkt dräi Indextranchë goufen d’lescht Joer ausbezuelt. Do mussen d’Salairen och op der Fouer ugepasst ginn.
Natierlech sinn och d’Präisser vu Stroum, Waasser a Gas net ze ënnerschätzen. Do géif den Decompte vu leschtem Joer awer elo geschwë réischt an der Boîte leien. Dozou konnten d’Forainen den Ament also nach net vill soen. All Stand, Spill a Restaurant ass un engem eegenen Zieler ugeschloss, fir dass och jiddereen nëmmen dat bezilt, wat e verbraucht huet.
D’Standplaze wieren iwwerdeems net méi deier ginn, wéi de President vun der Federatioun vun de Forainen, de Charel Hary, eis sot. Do wier d’Stad Lëtzebuerg immens räsonabel a géif vill Fraisen decken. Dat wiere Millioune vun Euro, déi kéinten d’Forainen eleng och guer net packen, sou de President weider.
Déi Forainen, mat deene mir geschwat hunn, ware sech bal all eens: Si versichen d’Präisser vun der Matière Première an dem Personal net un de Client virunzeginn. Déi eng hunn d’Präisser guer net an d’Luucht gesat, anerer hunn d’Präisser just bei spezifesche Produiten oder Platen ëm e puer Prozent ugepasst.
Allgemeng ass d’Freed fir déi grouss Ouverture e Freideg grouss. Et war een nach net iwwerall fäerdeg mat opriichten, ma de Gros, dee stoung scho prett an d’Zapanlag ass schonn un d’Béierfaass ugeschloss.