Santésministesch confirméiertProfesser Michel Mittelbronn huet den LNS wéinst Divergenze verlooss

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt ee weideren Depart am Laboratoire national de santé, deen den Ament amgaangen ass, restrukturéiert ze ginn.
© RTL Archivbild

Wéi d’Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun der CSV äntwert, huet antëscht och de Professer Michel Mittelbronn den LNS wéinst Divergenzen tëscht dem Neuropatholog, der Direktioun an dem Verwaltungsrot verlooss. Déi verschidde Säite wiere sech net eens gewiescht iwwert de Fonctionnement vum Centre National de Pathologie beim Staatslabo, deen de Pofesser Mittelborn geleet huet, an notamment iwwert d’Akkreditatioun vun den Aktivitéiten. Wéinst permanenten Desaccorden hätt een um Enn zesummen decidéiert, getrennte Weeër ze goen.

Den Depart wier och verbonne mat de Gouvernanceproblemer, déi et aktuell am LNS géif, sou d’Ministesch. Effektiv gouf et an de leschte Méint a Jore méi Departen am Laboratoire national de santé. Den Ament gëtt notamment nach ëmmer no engem neie Generaldirekter gesicht. Dee leschten hat Uganks des Joers no nëmmen engem Mount op deem Poste schonn rëm opgehalen, zesumme mat der Presidentin vum Verwaltungsrot Evelin Schöck.

Back to Top
CIM LOGO