
En ass ronn 90 Kilometer laang a féiert iwwert eng Partie Tëschestatioune vu Kënzeg bis op Beetebuerg respektiv Diddeleng. Rieds geet vum Minett Trail. Um Bord vum Wee, deen 11 Gemenge matenee verbënnt, stinn dann och genee esou vill Kabaisercher, sougenannte “Gîtes touristiques”, an deene Wanderer eng oder e puer Nuechte verbrénge kënnen.
Am Fong hätten déi fir déi Europäesch Kulturhaaptstad Esch 2022 fäerdeg solle sinn. Dat huet awer net geklappt, woubäi d’Grënn dofir ganz ënnerschiddlech waren. Ma och wann et Problemer bei der Realisatioun vum Projet goufen, ass e mëttlerweil fäerdeg. An et plangt een och schonn un engem Ausbau.
Wou fréier d’Käpp vun de Schüler gedämpt hunn, kann ee sech haut vun enger Wander- oder Vëlostour erhuelen. Déi al Primärschoul zu Lénger war dee leschte Gîte touristique vum Minett Trail, dee seng Dieren opgemaach huet. D’Iddi vum Wanderwee ass 2017 entstanen, wéi d’Kandidatur eragereecht gouf, fir aus dem Minett eng Unesco Biosphere ze maachen. Wéi dunn de Volet vun Esch 2022 derbäi koum, waren ob eemol och déi finanziell Méiglechkeeten anerer. Ma méi Sue kënnen och zu Problemer féieren, esou d’Lynn Reiter, Gestionnairin am Office régional du tourisme Sud.
“Am Ufank hate mer an eisem klengen Aarbechtsgrupp d’Iddi, fir bëssi a Richtung Tiny houses ze goen. Ze kucke, wat gëtt et u Strukturen, wou steet iergendwou nach eng kleng Ruin, déi ee kéint bëssi mat engem Box-in-the-box-System ëmfunktionéieren, wou kann ee mat wéinege Moyenen eppes Flottes maachen? An effektiv, wat méi Moyenen derbäi kommen an ee Projet méi grouss gëtt, wat dat Ganzt natierlech e bëssi méi, wéi soe mer ëmmer, eskaléiert an et op Lëtzebuergesch gesot, ganz grouss gi léisst.”
An enger Partie Fäll wieren déi initial Budgeten net duergaangen an et hu weider finanziell Moyene musse vun de Gemengeréit nogestëmmt ginn. Zudeem hätte streng Ëmweltoplagen d’Projeten ausgebremst. Ma natierlech hätt och d’Corona-Pandemie hiren Deel zu de Retarde bäigedroen. Fir de Philippe Morgado, Grënner a Gérant vun der Firma Simpleviu, déi d’Gîten exploitéiert, hat et iwwerdeems duerchaus Virdeeler, datt d’Gîten net all mateneen opgaange sinn.
“Dat si fonkelnei Projeten, déi et hei am Land sou nach net gëtt. Et ass eng grouss Inconnu, wéi wäert dat funktionéieren, wéi kënnt dat bei de Leit an op deene verschiddene Plazen un? A mir huet dat d’Méiglechkeet ginn, mech ëmmer rëm nei ze adaptéieren a Feeler, déi vläicht virkomm sinn, dann ze verbesseren a bei deenen nächste Gîten ze evitéieren. A vum Point de vue Marketing ass dat och ganz interessant, well dann ass permanent eppes amgaangen. Da kënnt een neien, deen opgeet an da kënnt rëm een neien, deen opgeet.”
Mat der aktueller Auslaaschtung vun de Gîtë wier hie ganz zefridden, konkret Zuele wëllt de Philippe Morgado awer net nennen. Hie wier dann och dorunner interesséiert, nach zousätzlech Gîten um Minett Trail ze bedreiwen. Dem Lynn Reiter no wëlle sech eng Partie weider Gemengen dem Projet uschléissen. Sou sollen zum Beispill beim Uespelter Schlass Gîten derbäi kommen. Zu Lasauvage sollen iwwerdeems zu deene bestoende Gîtë weiderer derbäi kommen.