Recherche an Entwécklung an der DefenseProjete solle Leit an Ekonomie zegutt kommen

Diana Hoffmann
D'Direktioun vun der Defense huet zesumme mam Wirtschaftsministère an deem vun der Fuerschung an Héichschoul en Appel à projets fir d'Entreprisë lancéiert.
© AFP

Appell à Projet vun der Defense / Reportage Diana Hoffmann

D’Entwécklung an d’Recherche am Beräich vun der Defense sollen an deem Sënn weidergedriwwe ginn. Vum NATO-Zil, zwee Prozent vum PIB an d’Defense z’investéieren, ass Lëtzebuerg mat 1,29 Prozent (eng 700 Milliounen Euro) nach e Stéck ewech.

D’Virgab vun der EU, fir zwee Prozent vum gesamten Defensebudget vum Land an d’Recherche an den Developpement vun der Defense z’investéieren, wäert een awer dëst Joer mat engem Montant vu 24,1 Milliounen Euro depasséieren. Dëst mécht eng 3,4 Prozent vum Defensebudget aus. Fir dat nächst Joer sinn 26,9 Millioune virgesinn a fir 2026 29,1 Milliounen. Woubäi een da bei ongeféier 3,5 Prozent vum Defensebudget géing leien.

Een Deel vun der Strategie fir d’Innovatioun an deem Beräich ze fërderen, ass den Appel à projets, dee sech un d’Entreprise riicht. “Mir brauche Betriber, déi sech a Fro stellen. An ebe grad dofir ass dee Call hei esou interessant. Dëse befaasst sech mat 3 Domainer”, erkläert de Wirtschaftsminister Lex Delles. Gesicht gi Projeten an de Beräicher intelligent Mobilitéit, resilient Infrastrukturen a Strategien, fir sech un de Klimawandel unzepassen.

Tëscht 2025 an 2027 sollen 13,8 Milliounen Euro vun der Direktioun vun der Defense an déi zukünfteg Projeten investéiert ginn. Dovunner 7,5 an de Fonds de l’innovation, a 6,3 an dee vun der Recherche.

Natierlech soll hei an d’Verdeedegung investéiert ginn. Mä et ass och wichteg, dass esou Investissementer der Zivilgesellschaft eppes kënne bréngen”, seet d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes. Projeten, déi aus dësem Opruff ervirginn, solle schliisslech en duebelen Notzen hunn. Et géing deemno net just dorëm goen, an d’Sécherheet z’investéieren, mä och déi national Industrie an d’Recherche solle profitéieren. Wat dann nees en Impakt op d’Ekonomie wäert hunn.

D’Deadline fir d’Entreprisen, fir hir Projeten eranzereechen, ass de 14. Juni. Ufank d’nächst Joer sollen déi nei Projeten da lancéiert ginn. Weider Detailer sinn um Site vu Luxinnovation ze fannen.

*An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, dass de Projet zesumme mam Digitalisatiounsministère lancéiert gouf. Dat war awer falsch a gouf mat “Ministère fir Fuerschung an Héichschoul” verbessert.

Back to Top
CIM LOGO