Thema am Escher GemengerotProjete vun der neier Sportsarena an dem Sportsmusée mussen iwwerduecht ginn

Fanny Kinsch
D'Zukunft vun enger geplangter Sportsarena an engem Sportsmusée zu Esch bleift ongewëss.
© RTL-Archiv

Wéi rezent bekannt gouf, kënnen déi nei Sportariichtunge wéinst enger net bebaubarer Zon net wéi geplangt zu Esch Lankelz gebaut ginn. Am Gemengerot e Freideg huet d’LSAP-Conseillère Liz Braz Explikatioune vum Schäfferot verlaangt. Si, wéi och déi Lénk an d’ADR an der Oppositioun, reprochéiert der schwaarz-blo-grénger Koalitioun, keng gutt Aarbecht gemaach ze hunn an de Projet net viru gedriwwen ze hunn.

Kritik, déi den Escher CSV-Sportschäffen André Zwally net sou wollt stoe loossen. De Schäfferot hätt eréischt zanter 2 bis 3 Méint d’Confirmatioun, datt och déi nei Regierung un der Zone non aedificandi géing festhalen. Entretemps hätt een notamment eng Reunioun mam Entrepreneur, deen de Projet soll realiséieren an den zoustännege Gemengeservicer gehat, fir iwwer méiglech Pisten ze schwätzen.

“Ob een dann d’Sportsarena eleng op Lankelz kéint passen oder géing passen, wann een de Sportsmusée kéint komplett op en anere Site bauen, also d’Fro, ob een erëm op dee fréie Projet kéint zeréckkommen. Souwuel den Entrepreneur wéi eis Servicer hunn eis bestätegt, dass dat an der aktueller Situatioun net denkbar ass. Wat eeben nach eemol beweist, dass eeben net nëmmen d’Ajoute vum Sportsmusée war, déi ausschlaggebend war fir dës Situatioun. Vläicht kann een awer d’Sportsarena un eng Plaz, déi mir hunn, upassen. Ech mengen dat muss een da kucken. A jo, mir sinn amgaangen dat unzedenken, fir ze kucken, wouhin dat am beschte passt.”

D’Liz Braz huet sech mat deenen Explikatiounen net wierklech zefridde gewisen, si wéisst elo net vill méi wéi virdrun.

“Ech stellen awer elo mat all deem, wat haut un Informatioune gesot ginn ass, fest, dass ganz vill Informatiounen déi lescht Joren net transparent kommunizéiert gi sinn, dass mer eng total Intransparenz deelweis an dësem Dossier haten an dass och einfach vu Responsabelen, net onbedéngt déi, déi eeben elo haut hei banne vertruede sinn, mee vu Responsabele gelu ginn ass. An dat weist och, wéi dësen Dossier trotzdeem déi lescht sechs Joer verschlampt ginn ass.”

Souwäit d’Escher LSAP-Conseillère a Süddeputéiert Liz Braz.

Back to Top
CIM LOGO