
Dat wéinst Verletzung vun der Privatsphär an dem Droit à l’image. D’Oppositiounspartei huet dat op enger Pressekonferenz matgedeelt a ferm kritiséiert. Hannergrond wier den Zesummenhang tëscht politeschen Aussoen an Deplianten an Affichen, déi déi Lénk virun de Chamberwale vun Oktober d’lescht Joer verdeelt haten.
An deenen Deplianten an Affichen, wou et ëm Steiergerechtegkeet geet, ass eng digital Illustratioun vun engem Mann, dee mat engem Koffer voller Cash um Schouss, op Geldsäck sëtzt. An enger Parteizeitung, an engem anere Kontext also, hunn déi Lénk dann eng Etüde vum Fuerschungszenter Liser zitéiert, aus där ervirgeet, datt Arend a Fischbach dee gréisste Besëtzer vu Bauland hei am Land ass, wat der Partei no eng vun den Ursaache fir d’Logementskris ass. Dem Nico Arend – Member vun der DP - gehéiere 50% vun der Firma, steet am Registre de Commerce.
Tëscht der Illustratioun an dem Nico Arend kann een duerchaus eng Ressemblance gesinn. Ma den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum, huet verséchert : Et wollt een den Immobiliëpromoteur net schiedegen oder blesséieren. Bei der Figur géing et sech ëm e “stereotypéierte Geschäftsmann” handelen. Déi Lénk kéinten deemno guer net novollzéien, datt de Nico Arend sech do erëmerkennt. Hie wier net cibléiert, mee “d’Klassen- a Kräfteverhältnisser”, esou de Marc Baum.
Déi Lénk hu vun Aschüchterungsversuch a vu “Slapp"-Klo geschwat: Wa räich Leit duerch Kloe Kritiker wëlle rouegstellen. De Marc Baum huet d’Suerg ausgedréckt, datt wann een ugesicht gëtt, wann ee wëssenschaftlech Etüden zitéiert oder eng stiliséiert Figur ouni Gesiicht produzéiert, “ee geschwë guer näischt méi dierf soen”.
Esou kuerz virun de Wale gesinn déi Lénk och e Versuch, fir d’Partei ze destabiliséieren. Ma op d’Remark, datt déi Lénk d’Klo vum Nico Arend public gemaach hunn an op d’Fro, ob si net d’Klo wëlle fir sech recuperéieren, huet de Marc Baum geäntwert: “hie sicht eis un, net mir hien”. Donieft wier den éischte Bréif vum Affekot vum Nico Arend just virun de leschte Walen ukomm an d’Assignatioun elo 6 Méint méi spéit just virun den Europawalen.
D’Assignatioun ass um Civil. De Ball léich aktuell nach bei den Affekoten. En Datum fir e Prozess wier net bekannt. Déi Lénk soten awer och schonn, datt si selwer iwwer juristesch Schrëtt nodenken. De Marc Baum huet dann och souguer d’immunité parlementaire genannt. Am Artikel 84 vun der Verfassung steet: “Aucune action, ni civile ni pénale, ne peut être dirigée contre un député à l’occasion des opinions et votes émis par lui dans l’exercice de ses fonctions.”
* Mat ugesicht sinn déi zwee Deputéiert vun déi Lénk Marc Baum an David Wagner, mee awer och d’Parteispriecher Carole Thoma an de Gary Diderich. (An enger éischter Versioun hate mer geschriwwen, datt de Gary Diderich an d’Carole Thoma an zwee Joer Deputéiert ginn. Dat ass just fir de Gary Diderich de Fall.)