ITM-Rapport 2023Protokoller an Héicht vun 14,3 Milliounen Euro ausgeschwat

Diana Hoffmann
D’Inspection du travail et des mines huet 2023 17.328 Kontrollen duerchgefouert an 3.269 Protokoller ginn.
ITM-Rapport 2023
D’Inspection du travail et des mines huet 2023 17.328 Kontrollen duerchgefouert an 3.269 Protokoller ginn.

De Gros vun den Entreprisë géing de Code du travail net respektéieren oder net kennen, huet den Direkter vun der Inspection du Travail et des Mines, kuerz ITM, bei der Presentatioun vum Rapport annuel kritiséiert. Besonnesch de Beräich vum Detachement, also Entreprisen, déi am Grand-Duché Aarbechte maachen, mee hire Sëtz net hei hunn, huet d’ITM vill beschäftegt.

Zwee Drëttel vun den Amenden, déi nämlech vun der ITM ausgeschwat goufen, waren am Detachement. “Domadder schützt d’ITM déi lëtzebuergesch Entreprisë virun illegaler Konkurrenz a protegéiert den Aarbechtsmarché virum Sozialdumping”, huet den Aarbechtsminister Georges Mischo ënnerstrach.

Bei der ITM hunn 232 Salariéë geschafft. 130 dovunner sinn Aarbechtsinspekteren, vun deenen all Dag 99 um Terrain sinn. 17.328 Kontrolle goufen 2023 duerchgefouert, huet den Direkter vun der ITM Marco Boly betount. Dräi Véierel vun dëse Kontrollen, wat ronn 13.000 sinn, waren am Detachement.

47,15 Prozent vun allen Demandë fir en Detachement waren 2023 am Bausecteur. An dësem wier een Drëttel vun de Salariéen a lëtzebuergeschen Entreprisen ugestallt, zwee Drëttel kéimen am Detachement op Lëtzebuerg schaffen. An Zuele sinn dat 42.000 Leit an de lëtzebuergeschen Entreprisen an 81.000 am Detachement. Am Ganze wieren 145.000 Leit op Lëtzebuerg detachéiert ginn, sou de Marco Boly. 5.053 Entreprisen hu Salariéeën op Lëtzebuerg detachéiert. 2021 waren dat 163.000 Salariéen aus 4.455 Entreprisen.

2023 goufen 3.268 Protokoller vun der ITM geschriwwen, mat enger Equivalenz vu 14,3 Milliounen Euro. 2.152 Amendë goufen am Beräich vum Detachement gesprach. 772 wéinst Verstéiss géint d’Aarbechtsrecht an 202 wéinst illegaler Aarbecht. Déi verschidden Amendë leien tëscht 250 a 50.000 Euro. Tëscht 2022 an 2023 ass d’Zuel vun de Kontrollen ëm 72 Prozent an d’Luucht gaange vun 10.072 (2022) op 17.328 (2023).

An Zukunft wëllt d’ITM och méi Preventiounsaarbecht leeschten, dass d’Entreprisen de Code du Travail besser respektéieren. Doriwwer eraus soll eng Campagne lancéiert ginn, déi méi e positiivt Bild vun der ITM zeechent. “D’ITM muss no bausse méi als Partner wouergeholl ginn, fir d’Betriber an d’Salariéeën ze begleeden”, huet de Georges Mischo ënnerstrach. An net just als déi, déi bestrooft. Et géing een d’Rechter vun de Salariéeën um Niveau vun der Pai, dem Congé, den Aarbechtszäiten an der Aarbechtssécherheet schützen, sot de Marco Boly. Doriwwer eraus géingen d’Betriber virun Dumping an deloyaler Konkurrenz geschützt ginn an de Staat an de Steierzueler virun Abuse vun de Betriber.

Back to Top
CIM LOGO