Neien AmentProzess ëm Beruffsverbuet géint Dokter Benoit Ochs muss nei opgerullt ginn

Roy Grotz
D'Affäre disciplinaire ëm den Dokter Benoit Ochs geet an eng nei Phas, nodeems de Medezinner eng Demande op Befaangenheet géint ee Riichter agereecht hat.
© RTL Archiv

An dëser Demande géint de President vum Stater Bezierksgeriicht Pierre Calmes krut den Dokter Recht, sou datt dës zweet Affär elo nach emol vu vir muss virum Conseil de Discipline vum Collège Médical verhandelt ginn. An dësem Fall hat de Collège Médical e weidert Beruffsverbuet géint den 63 Joer alen Dokter gefrot, wëll hie géint den Deontologie-Kodex soll verstouss hunn.

Den ëmstriddene Generalist war am Mäerz 2022 vum Conseil Supérieur de discipline vum Collège Médical zu engem Beruffsverbuet vun engem Joer verurteelt ginn. Zanter Ugangs dëst Joer praktizéiert den Dokter Ochs nees a sengem Gonnerenger Cabinet.

Hie war wärend der Pandemie ee vun den Haaptpersonnagë vum Mouvement vun de Skeptiker vun de Corona-Mesuren an der Corona-Impfung.

Back to Top
CIM LOGO