Raum Uewerpallen/BiekerechPuer Festnamen no Déifställ aus Autoen

RTL Lëtzebuerg
Um fréien Dënschdeg de Moien hat d'Police gemellt kritt, datt e puer Persoune versiche géifen, am Tontelerwee zu Uewerpallen an en Auto anzebriechen.

D’Beamten hu sech direkt op d’Sich no de presuméierten Täter gemaach. Kuerz drop konnten dann och dräi Verdächteger festgeholl ginn. Am Kader vun der Enquête goufen divers geklauten Objete séchergestallt an op Uerder vum Parquet beschlagnaamt. Eng véiert Persoun, där et gelonge war ze flüchten, konnt mat Hëllef vun engem Zeien am Laf vum Dënschdeg de Moie festgeholl ginn.*

Ee vun de presuméierten Täter gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum nach en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter.

*En Dënschdeg den Owend hat d’Police eng Festnam gemellt. Zu deem Ament war och just rieds vun engem Täter.

Back to Top
CIM LOGO