Projet vun Handicap International"Pyramides humanitaires" sollen Impakt vu Bommen op Zivilpopulatioun weisen

RTL Lëtzebuerg
Handicap International huet e Samschdeg an der Stad Sensibiliséierungsaarbecht geleescht.
© Arnaud Serexhe / RTL

Op der Place d’Armes waren eng ganz Partie Stänn opgeriicht, fir de Leit, de schrecklechen Impakt vu Bommen op d’Zivilpopulatioun ze weisen.

Dernieft goung et och ëm den Deminage a Protheesen. Dat net vu Muttwëll. Zejoert hätt sech d’Zuel vun den zivillen Affer duerch Krichsbommen, am Verglach mat 2022 nämlech verduebelt. Och d’Lëtzebuerger Autoritéite kéinten hëllefen:

“Mir wëssen, datt Lëtzebuerg vill mécht. An all d’Traitéen ënnerschriwwen huet. Ma, elo muss gekuckt ginn, datt dës Traitéen och ëmgesat ginn. Am Beräich Assistenz vun den Affer, awer och beim ewechhuele vun de Bommen. Do brauche mer d’Regierung och.”

De Projet "Pyramides humanitaires" vun Handicap International
D’Lëtzebuerger Regierung kéint dobäi hëllefen, dofir ze suergen, dass manner Leit Affer vu Minnen a Bomme ginn.

Back to Top
CIM LOGO