Fro iwwert Nordstadfusioun zu BettenduerfQuorum fir Referendum dierft erreecht sinn

Marc Hoscheid
E Freideg huet d'Bettenduerfer Biergerinitiativ eng Lëscht mat den Ënnerschrëfte vun iwwer 30 % vun de Wieler ofginn, fir sou e Referendum z'erzwéngen.
© RTL Archiv

Zu Bettenduerf wäert et wuel zu engem Referendum iwwert d’Fro kommen, ob d’Bierger 2027 no hirer Meenung zu enger Fusioun mat Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren gefrot solle ginn.

D’Biergerinitiativ huet e Freideg eng Lëscht mat 621 Ënnerschrëften op der Gemeng ofginn. Dat géing 36,6 Prozent vun den 1.695 Walberechtegten entspriechen. Fir ee Referendum ze erzwéngen, braucht een 20 Prozent. Elo iwwerpréift d’Gemengenadministratioun, ob de Quorum wierklech erreecht ass. RTL-Informatiounen no ass dat de Fall.

Deemno muss an deenen nächsten dräi Méint ee Referendum organiséiert ginn. An der Gemengerotssëtzung e Mëttwoch war den 9. Februar als méigleche Rendez-vous genannt ginn. Deen Datum ass awer aus der Course, well den Delai vun 12 Woche fir d’Bréifwal net agehale kéint ginn. Ob de Referendum an der Fuesvakanz oder vläicht awer nach méi spéit ofgehale wäert ginn, ass nach net kloer.

An der Gemengerotssëtzung e Mëttwoch war schonn doriwwer diskutéiert ginn, ob ee beim Inneministère ufroe soll, fir de Referendum méi spéit organiséieren ze dierfen. Och wann d’Gemeng de Referendum ofhale muss, ass de Gemengerot net un d’Resultat vum Vott gebonnen, deen ass nämlech just consultativ. Onkloer ass iwwerdeems och, ob déi véier aner Nordstadgemengen nach eng Kéier mat Bettenduerf iwwert eng Fusioun diskutéiere wëllen.

RTL-News: Referendum zu Bettenduerf iwwer d’Nordstadfusioun: Bierger kéinten den 9. Februar ëm hir Meenung gefrot ginn
RTL-News: Referendum iwwer Nordstad-Fusioun: Petitioun vu Bettenduerfer Biergerinitiativ huet néideg Ënnerschrëfte beieneen
RTL-News: Wéinst dem “Nee” zu den Nordstadgespréicher: Zu Bettenduerf fuerdert eng Biergerinitiativ ee Referendum

Back to Top
CIM LOGO