Plus vu 7,5% op ee JoerRaiffeisebank realiséiert fir 2023 en operative Benefice vu 25,5 Milliounen

Jean-Marc Sturm
D'Zuel vun de Membere vun der Genossenschaftsbank ass zejoert ëm 7,6 Prozent gewuess a läit elo bei bal 50.000.

Kricher, héich Zënsen, ferm Problemer am Logement, Inflatioun an deier Matière première. 2023 war ee Joer mat enger Hellewull u Problemer. Trotzdeem gouf et bei der Bank Raiffeisen ee positiivt Resultat

Och bei der Raiffeisebank schwätzt ee fir 2023 vum Joer vun de Polykrisen. 2024 annoncéiert sech do als eng Zort Scharnéierjoer mat positiven Aussiichten.

Et bleift een awer virsiichteg, well fir d’Banke gëtt et quasi ëmmer en Decalage par Rapport zu der globaler Ekonomie, fir déi et eng liicht Reprise gëtt.

Derbäi ass et d’Aussiicht op eng Baisse beim europäesche Leetzëns, och wann déi an Etappe wäert kommen. Dat dierft awer der Sortie aus der Logementskris zegutt kommen.

De Laurent Zahles, President vum Direktiounscomité bei der Genossenschaftsbank Raiffeisen, bremst awer iwwerdriwwenen Optimismus.

“Do wär ech nach e bësse virsiichteg. Mir ginn elo net dervun aus, dass mer nees ee Regain d’Acitivité kréien wéi mir dat an der Vergaangenheet haten. D’lescht Joer war eng Situatioun, wou wéineg Vertrauen do war, bedéngt duerch d’Situatioun, déi mir kennen. Et muss een awer soen, dass, wann een elo e bësse méi Previsibilitéit op der Zënssäit huet, dat och fir d’Clientë gëllt, wou se déi eng oder aner Baisse virausgesinn. Wann een dervunner ausgeet, dass déi Mesuren, déi d’Regierung annoncéiert huet [... och gräifen]. Dat misst awer mat sech bréngen, dass ee gewëssent Vertrauen do erëm zeréckkënnt. An da gi mer dovunner aus, dass d’Situatioun sech do vläicht wäert verbesseren am Laf vum zweete Semester”

Wat d’Geschäftsjoer 2023 bei der Raiffeisenbank betrëfft, do läit de Bilan bei 10,7 Milliarden Euro, d’Nettoresultat bei knapp 44 Milliounen, wou de Verkaf vun enger Unitéit am Beräich Reassurance an Héicht vun 18 Milliounen mat dran ass. D’Clienten haten 9,6 Milliarden un Depoten bei 7,7 Milliarde Prêten, déi lafen.

Fir d’Bank schaffe knapp 700 Leit. Fir d’Zukunft setzt een esou wuel op d’Presenz um Terrain mat den Agencen wéi och op dat Digitaalt.

Back to Top
CIM LOGO