
De Raphaël Schmitz aktuell 1. Schäffe a President vun der lokaler CSV-Sektioun gëtt dës zwee Mandater aus perséinlechen a beruffleche Grënn of.
Vum éischten Abrëll un iwwerhëlt den 43 Joer ale Jurist Tom Weber dann de Poste vum éischte Schäffen zu Jonglënster. Fir hie réckelt de Mich Weber an de Gemengerot no.
De Poste vun der Presidentin vun der Sektioun iwwerhëlt d’Mireille Hinkel-Tadaszak. Dat huet d’CSV en Dënschdeg den Owend matgedeelt.