HRS-Impf-AffärReaktiounen aus der Chamber

Fanny Kinsch
Fir d'Santésministesch ass d'Affär ëm dat fréizäitegt Impfe vum Verwaltungsrot vun den Hôpitaux Robert Schuman vum Dësch, an der Chamber awer nach net.

Och de Marc Baum ass der Meenung, datt d’Verwaltungsréit vun den Hôpitaux Robert Schuman demissionéiere missten. D’Fraktiounscheffinne vun de Gréngen an der CSV ginn dogéint am RTL-Interview net sou wäit. Dofir géinge si net genuch iwwert de Fall wëssen. Et misst awer op alle Fall dofir gesuergt ginn, datt d’Reiefolleg beim Impfen agehale gëtt.

Reaktiounen aus der Chamber zur HRS-Impfaffär / Fanny Kinsch

Natierlech kéint een ënnerschiddlech Meenungen zu Impfstrategien hunn an zum Beispill dofir plädéieren, datt ganz Haiser gläichzäiteg geimpft ginn, seet déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché. Et wier awer kloer, datt an der Impfstrategie vun der Regierung d’Gesondheetspersonal Prioritéit hat an dozou géifen d’Membere vum Verwaltungsrot net gehéieren.

“Wéi et awer elo dozou komm ass, kann ech net direkt beurteelen, well ech net am Ministère zoustänneg sinn, fir e Courrier un e Spidol ze schécken. Meng Roll als Deputéiert ass eng aner, ech weess och net, wéi do d’Kommunikatioun tëschent dem Santésministère an dem Spidol oder de Spideeler war. Vun dohier mengen ech, muss do mol nach Opklärungsaarbecht geleescht ginn, déi dann och wäert dozou féieren, dass vläicht kloer ass, wisou dat do passéiert ass.”

Et wier op kee Fall richteg, datt eng Persoun vun hirer Positioun profitéiert, fir sech Virdeeler ze verschafen, dat seet d’Fraktiounscheffin vun der CSV Martine Hansen zu der Affär. Si wéisst net, wéi kloer d’Kommunikatioun vum Gesondheetsministère géigeniwwer de Spideeler zu deem Moment war an ob déi 3 Concernéiert sech virsätzlech virgedréckt hätten. Dofir kéint si och net soen, ob et ubruecht wier, datt déi 3 demissionéiere géifen oder sech entschëllege missten. Dat misste si fir sech selwer decidéieren. Wann allerdéngs d’Kommunikatioun kloer wier a sech awer mat Virsaz op Plazen net un d’Reiefolleg beim Impfe gehale géif ginn, also abuséiert géing ginn, da missten et och Konsequenze ginn.

“Wann et hib- a stichfest ass, dass alles gemaach gëtt, fir Abusen ze verhënneren, wann dat och kloer definéiert a kloer kommunizéiert gëtt, wann dann trotzdeem Abuse virkommen, da mussen déi Konsequenzen hunn. Dat kann elo e Protokoll sinn, mee mir wësse ganz genee, wann een engem e Protokoll gëtt vu 50 Euro, dat deet verschiddene Leit net wéi. An do mengen ech, missten d’Konsequenzen awer e bësse méi spierbar sinn, fir dat wierklech ze verhënneren.”

Och fir den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum géif sech elo d’Fro stellen, ob Sanktioune mussen agefouert ginn. Bis elo hätt een net mat esou Abuse gerechent. An den Ae vum Marc Baum géif sech iwwerdeems eng Demissioun vun der Presidence vum HRS-Verwaltungsrot opdrängen.

“De Problem ass natierlech, dass d’Hôpitaux Robert Schuman privatrechtlech gefouert ass. Dat heescht, et kann ee se net zwéngen, mee et muss een awer soen, dass dat Verhalen absolut inakzeptabel ass vun deenen 3 Verwaltungsrot-Memberen, déi géint deem, wat d’Santé als kloer Richtlinnen erausginn hunn, fir sech selwer versicht hunn, Privileegien erauszeschloen. A wann een och bedenkt, datt ee vun deenen 3 awer en eemolege CSV-Minister ass, dann huet dat e ganz ganz batteren Nogeschmaach.”Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser sot eis op Nofro, et kéint een net fir all Eventualitéit Gesetzer schreiwen, hei géing sech a sengen Aen éischter eng deontologesch Fro stellen. Dat, wat déi 3 Membere vum HRS-Verwaltungsrot gemaach hätten, wier senger Meenung no moralesch inakzeptabel.

Deen ee vun de Vizepresidente vum Verwaltungsrot vun den Hôpitaux Robert Schuman, de Michel Wurth, wollt op eis Nofro hin d’Affär net kommentéieren. De Claude Seywert an de Jean-Louis Schiltz goufen och fir eng Stellungnam kontaktéiert, hunn awer nach net reagéiert.

Fréizäiteg Impfung vum HRS-Verwaltungsrot: Paulette Lenert schwätzt vun Interpretatiounsdivergenz, d’Affär ass clôturéiert
Hôpitaux Robert Schuman: Reaktioun vum Generaldirekter Claude Schummer op fréizäiteg Impfungen
Commentaire vum Annick Goerens Impfen: Wer hat noch nicht, wer will noch mal?
Invité vun der Redaktioun - Sven Clement: Impfung vu Verwaltungsrotsmembere vun Hôpitaux Robert Schuman: e Fall vu “Vol” ?

Back to Top
CIM LOGO