Finanzement vu Large Scale TestingRechnungshaff stellt vill Onkloerheeten a Manktem un Dokumenter fest

Diana Hoffmann
Wärend der Covid-Pandemie huet d'Regierung op de Large Scale Testing gesat - eng Strategie, déi vill kritiséiert gouf.
Onkloerheeten a Manktem un Dokumenter bei Finanzement vu Large Scale Testing
Knapp 5 Joer nom Ufank vun der Pandemie gouf an der Budgetskontrollkommissioun e Spezial-Rapport iwwer de Finanzement vum Large Scale Testing presentéiert.

Knapp fënnef Joer nom Ufank vun der Covid-Pandemie gouf e Méindeg an der parlamentarescher Budgetskontrollkommissioun ee Spezial-Rapport vun iwwer 100 Säiten iwwer de Finanzement vum Large Scale Testing presentéiert. Am Mee 2021 hat déi zoustänneg Chamberkommissioun op Demande vun der adr de Rechnungshaff domat beoptraagt. Dat zu engem Moment, wou et vill Kritik um Testen am grousse Stil gouf.

Ronn 150 Milliounen Euro hunn déi dräi Phase vum Testen am grousse Stil am Ganze kascht. Entwéckelt gouf d’Test-Strategie vun der Research Luxembourg Covid-19 Task Force, déi d’Regierung an hirem Kampf géint d’Pandemie och wëssenschaftlech beroden huet. Den Infektiolog an aktuellen DP-Deputéierte Gérard Schockmel huet de Large Scale Testing scho wärend der Pandemie en Echec genannt. Där Meenung ass hien och haut nach:

“Ech bleiwe bei menger Meenung, datt hei d’Suen eigentlech zur Fënster erausgehäit gi sinn, well wann een d’Phas 1 kuckt, déi ass jo nom Lockdown gemaach ginn, nom Lockdown huet guer kee Virus zirkuléiert, mir haten nach kee Fall zu Lëtzebuerg. A wéi mir de Lockdown haten, war natierlech och Lockdown an eisen Nopeschlänner. Dat heescht, do sinn da 600.000 Tester gemaach ginn, fir e puer Honnert Positiver ze fannen. Kënnt der eng Kéier ausrechnen, wat dat fir en Opwand ass.”

Eng Kritik, déi den LSAP-Deputéierte Franz Fayot, deen zu deem Zäitpunkt als Kooperatiouns- a Wirtschaftsminister an der Regierung souz, net gëlle léisst:

“An d’Cour des Comptes huet elo hei eng Rei handwierklech Feeler festgestallt an der Aart a Weis, wéi d’Marchéë gemaach goufen, an der Aart a Weis wéi kontrolléiert gouf, wéi d’Fraise kontrolléiert goufen, déi alleguerten am Fong domadder zesummenhänken, dass dat deemools huet misse schnell an och effikass goen. Och déi Prestatairen, déi geholl gi sinn, waren der deemools, déi d’Capacitéit haten, fir dat och schnell op d’Been ze bréngen, déi ganz Testinfrastrukturen.”

De Laboratoire Bionext hat d’Lëtzebuerger Regierung 2021 verklot, well den Optrag eenzeg an eleng u Laboratoires Réunis gaangen ass. Am Rapport vun der Cour des comptes geet nach rieds vun aner Problemer. Dozou de Piraten-Deputéierten, Sven Clement:

“Et gëtt dovu geschwat, datt d’KPMG zwanzeg Prozent vun de Rechnungen zeréckhale wollt, well se keng Assurancen haten. Et gëtt dovu geschwat, datt Saache bezuelt goufen, déi net sollte bezuelt ginn. An datt d’Marchéen net sou ofgelaf sinn, wéi se hätte missen.”

Weider schwätzt de Rechnungshaff a sengem Rapport vun engem Manktem un Dokumenter a Beleeg. A ville Fäll géingen et och keng schrëftlech Prozedure ginn.

Den 10. Mäerz gëtt weider iwwer de Spezial-Rapport vum Rechnungshaff diskutéiert.

PDF: De ganze Rapport fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO