
An engem Communiqué fäert d’Gewerkschaft, datt d’Online-Plattform, iwwert déi ee ka Chauffeure bestellen, Falsch-Independante wäert kënne beschäftegen. Datt Uber op Lëtzebuerg kënnt, wier hinnen no e Symbol vu Sozialdumping.
D’Gewerkschaft fuerdert dowéinst méi Kontrollen an Entreprisen, nei Sanktioune géint Betriber, déi d’Aarbechtsrecht oder Kollektivverträg net respektéieren. An den OGBL fuerdert, datt eng Gesetzespropos vun der Chambre des Salariés iwwert d’Plattform Economie direkt agefouert gëtt, fir de Beschäftege vu Plattform-Betriber ewéi Uber, Paien, Congéen an d’sozial Ofsécherung ze garantéieren.
Genee wéi den OGBL de Moien, warnt och den LCGB e Méindegmëtten, dass bei der Arrivée vun Uber zu Lëtzebuerg d’Rechter vun de Chauffere misste respektéiert ginn. D’Aarbechtskonditioune vun den Taxischaufferen dierften doduerch net méi schlecht ginn. Den LCGB hätt gären, dass de legale Kader ugepasst gëtt, fir prekär Aarbechtssituatiounen z’evitéieren.