
Dës wieren d’Zukunft. Esouwuel op nationalem ewéi och op europäeschem Plang.
Atomenergie wier net nohalteg, déi aktuell Nuklear-Technologie net sécher. Et géif ee weider un déi franséisch a belsch Autoritéiten appelléieren, Cattenom, Thiange an Doel zouzemaachen.
EU-Gelder fir d’Fuerschung am Nuklear-Beräich sollen dann och prioritär an d’Sécherheet an d’Offallentsuergung gestach ginn. Dofir wëll sech d’Regierung asetzen.
Lëtzebuerg géif och keen Atomstroum kafen an den Undeel dovunner um nationale Stroummix géif erofgoen. Wärend dësen 2021 nach bei 7,7 Prozent louch, waren et 2022 6,3 Prozent. Knapp 63 Prozent vum Stroum kënnt aus erneierbaren Energien an 30 Prozent kënnt aus fossillen Energien.
Dës Zuelen a Positioune goufen et an den Äntwerten op parlamentaresch Froe vun der DP an de Piraten.